
Den italienesche Futtballverband huet der Uefa e Mëttwoch déi néideg Spectateurgarantie ginn. Fir de Statio Olimpico ass eng Auslaaschtung vun op d’mannst 25 Prozent virgesinn. Ënnert anerem soll zu Roum den 11. Juni den Erëffnungsmatch tëscht Italien an der Tierkei ugepaff ginn.
D’Uefa hat déi lescht Woch an engem éischte Schrëtt schonn aacht Stied, déi eng deelweis Zouloossung vu Spectateure garantéieren, gréng Luucht ginn. Roum huet nieft München, Dublin a Bilbao zu de Wackelkandidate gezielt. Elo hunn déi italienesch Autoritéiten awer nach eng Garantie fir Spectateure ginn.
Fir auslännesch Fans soll et awer keng Ausnamen a puncto Reesrestriktioune ginn. Bis d’Deadline e Méindeg mussen och déi aner dräi Wackelkandidate wuel eng Zuschauergarantie ofginn, soss dreet de Verloscht vun de Matcher.