EM-QualifikatiounUkrain klappt Portugal a qualifizéiert sech fir d'EM

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend gouf an de Gruppen A, B an H weider ëm d'Tickete fir d'Europameeschterschaft gekämpft.
© AFP

England iwwerrennt Bulgarien mat 6:0, de Kosovo wënnt doheem mat 2:0 géint Montenegro, d’Ukrain wënnt doheem géint Portugal, Serbien klappt Litauen mat 2:1, Frankräich an d’Tierkei deelen 1:1, Albanien dominéiert Moldawien an Island gewënnt géint Andorra.

Grupp A

Bulgarien - England 0:6

0:1 Rashford (7. Minutt), 0:2 Barkley (20. Minutt), 0:3 Barkley (32. Minutt), 0:4 Sterling (45. Minutt), 0:5 Sterling (69. Minutt), 0:6 Kane (85. Minutt)

Nodeems d’Englänner d’lescht Woch hiren éischte Match an dëser Campagne verluer haten, hu si sech e Méindeg den Owend de ganze Frust vun der Séil geschoss an et waren d’Bulgaren, déi dëse Frust ofkruten.

Kosovo - Montenegro 2:0

1:0 Rrahmani (10. Minutt), 2:0 Muriqi (34. Minutt)

De Kosovo ka weider iwwerraschen a bleift och no hirem 6. Match an der EM-Qualifikatioun an der Course ëm d’Qualifikatioun, well si konnten e Méindeg doheem géint Montenegro gewannen. An der Tabell hu si elo 11 Punkten a leien der domat nëmmen 1 hannert den Tschechen, déi op der 2. Plaz stinn.

Grupp B

Ukrain - Portugal 2:1

1:0 Yaremchuk (6. Minutt), 2:0 Yarmolenko (27. Minutt), 2:1 Ronaldo (72. Minutt)

No der 3:0-Victoire géint Lëtzebuerg huet Portugal e Méindeg eng bei den Deckel kritt. D’Ekipp ëm de Superstar Ronaldo huet nämlech an der Ukrain verluer a läit domat schonns 8 Punkten hannert der Ukrain, déi sech domat déi 1. Plaz séchere kënnen, déi sinn nämlech elo net méi anzehuelen. D’Ukrain war e Méindeg den Owend laang Zäit déi besser Ekipp a louch verdéngt mat 2:0 a Féierung duerch Goler vu Yaremchuk a Yarmolenko, ier de Stepanenko dunn an der 72. Minutt wéinst engem Handspill déi giel-rout Kaart krut. Den uschléissenden Eelefmeter huet de Ronaldo erageschoss. An der Schlussphas sollt awer näischt méi geschéien, esou dass Portugal um Enn mat 1:2 verléiert. Domat ass d’Ukrain als Tabellenéischte sécher qualifizéiert fir d’EM.

Litauen - Serbien 1:2

0:1 Mitrovic (48. Minutt), 0:2 Mitrovic (53. Minutt), 1:2 Kazlauskas (79. Minutt)

D’Néierlag vu Portugal dierft awer d’Serbe freeën, well déi leien duerch eng 2:0-Victoire a Litauen elo nëmme méi 1 Punkt hannert de Portugisen. Si hu sech e Méindeg eng laang Zäit schwéier gedoen, ma de Mitrovic huet si an der 48. Minutt erléist, ier hien nëmme 5 Minutte méi spéit nach eng weider Kéier zouschloe konnt. De Gol vum Kazlauskas an der 79. Minutt sollt net méi duergoen.

Grupp H

Frankräich - Tierkei 1:1

1:0 Giroud (76. Minutt), 1:1 Ayhan (81.Minutt)

Am Match tëscht dem aktuelle Weltmeeschter Frankräich an der Tierkei goung et e Méindeg den Owend ëm déi 1.Plaz am Grupp H. Et war eng spannend an ëmkämpfte Partie an där nëmmen zwee Goler gefall sinn an zwar fir all Ekipp 1. De Giroud hat an der 76. Minutt de Score opgemaach, ier den Ayhan an der 81. Minutt ausgläiche konnt.

Moldawien - Albanien 0:4

0:1 Cikalleshi (22. Minutt), 0:2 Bare (34. Minutt), 0:3 Trashi (40. Minutt), 4:0 Manaj (90. Minutt)

Fir Albanien war et e gudden Owend a Moldawien, well déi Rout-Schwaarz konnten hei eng kloer Victoire feieren. Si gewanne mat 3:0 duerch Goler vu Cikalleshi, Bare, Trahi a Manaj.

Island - Andorra 2:0

1:0 Sigurdsson (38. Minutt), 2:0 Sigthorsson (65. Minutt)

D’Islänner gleewe weider un eng Qualifikatioun an dat zu Recht. Duerch de Remis vun der Tierkei an der Victoire géint Andorra ass nach alles méiglech fir déi kleng Futtball-Natioun.

Back to Top
CIM LOGO