Coupe de LuxembourgUm Mëttwoch den Owend ginn d'Véierelsfinalle gespillt

RTL Lëtzebuerg
Vun 19.30 Auer u kréien et Mäertert-Waasserbëlleg aus der Éierepromotioun a Rouspert aus der Ieweschter Divisioun mateneen ze dinn.

Um 20 Auer gëtt d’Partie tëscht dem F91 Diddeleng a Munneref ugepaff, grad sou wéi de Match tëscht der Etzella a Stroossen souwéi dem Tabelleleader aus der Éierepromotioun, Millebaach an Nidderkuer aus der Ieweschter Divisioun. D’Halleffinalle ginn de 24. Abrëll gespillt.

An der Éierepromotioun gëtt e Mëttwoch den Owend nach eng Partie vum 18. Spilldag nogeholl. Käerjeng spillt vun 20 Auer u géint den Tabellenzweete Rodange. Käerjeng kënnt an der Tabelle op déi 5. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO