BundesligaUnion Berlin verléiert fir 3. Kéier noeneen

RTL Lëtzebuerg
Den Opsteiger huet et den Ament net einfach. E Freideg den Owend huet ee fir de Kont vum 6. Spilldag mat 1:2 géint Eintracht Frankfurt verluer.
© AFP

Bei Union Berlin leeft et den Ament net esou richteg. Den Opsteiger an der Bundesliga huet zanter 3 Matcher net méi gewonnen. D’Ekipp vum Urs Fischer huet sech e Freideg den Owend misse mat 1:2 géint Eintracht Frankfurt geschloe ginn.

De Stiermer Bas Dost hat d’Gäscht an der 48. Minutt mat 1:0 a Féierung bruecht. An der 62. Minutt hat den Andre Silva op 2:0 erhéicht. 4 Minutte viru Schluss war et der Lokalekipp duerch den Anthony Ujah gegléckt, fir ze verkierzen, ma de Gol koum ze spéit a sollt un der Néierlag näischt méi änneren.

Back to Top
CIM LOGO