BundesligaUnion Berlin wënnt kloer mat 3:1 géint Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
Am leschte Match vum 6. Spilldag an der Bundesliga stounge sech e Méindeg den Owend den TSG Hoffenheim an Union Berlin géigeniwwer.
© AFP

Hoffenheim ass an den éischte Minutten direkt mat vill Drock géint d’Gäscht aus Berlin an de Match gaangen.

En éischte Fräistouss fir Hoffenheim an der 9. Minutt ass an den Hänn vum Luthe gelant. Och en zweete Versuch de Ball eranzekréien, konnt de Golkipp vu Berlin opfänken.

An der 15. Minutt dunn déi nächst grouss Chance op en 1:0 fir Hoffenheim, no enger séierer Pass vum Grillitsch un den Dabbur, laanscht de Berliner Golkipp, ma de Knoche konnt de Ball nach kuerz virun der Linn ofwieren. Och en zweete Versuch vum Dabbur goung derlaanscht. An der 16. Minutt nees den Dabbur, deen de Ball zwar lénks erakrut, awer en Abseits gepaff krut.

An der 21. Minutt déi éischt Chance fir de Géigner aus Berlin, no enger Pass vum Kruse op de Gentner, deen de Ball bei den Awoniyi verlängert, de Gol awer ëm e puer Meter verfeelt huet.

No engem Lafduell mam Kruse an der 26. Minutt, ass de Posch mam lénke Fouss ëmgeknéckt. Hie gouf an der 34. géint den Skov ausgewiesselt, deen direkt an enger gudder Aktioun de Ball un de Belfodil flanke konnt, d’Lieder awer bausse laanscht geschoss huet.

Béid Ekippe si mat engem 0:0 an d’Paus gaangen. Hoffenheim mat méi Ballbesëtz, Union mat méi Chance kuerz virun der Hallschent. Bis dohin war d’Partie ausgeglach.

Déi zweet Hallschent war méi roueg.

Rout fir de Skov an der 58. Minutt, deen den Awoniyi no enger Pass un de Griesbeck ëmgestouss huet. De Griesbeck hat do schonn op de Gol ugesat. De Kruse konnt den uschléissenden Eelefmeter ëmsetzen. 0:1 an der 60. fir d’Union.

Duebele Wiessel fir Hoffenheim an der 62. Minutt: De Baumgartner fir de Geiger an den Adamyan fir de Belfodil.

Wéinst Zäitspill gouf et knapp eng Minutt méi spéit Giel fir de Berliner Golkipp Luthe, an der 71. nach eng fir Berlin, déi Kéier fir de Grieseck.

Fir d’Hoffenheim war et bal keen duerchkomme méi, ma och Berlin hat et net einfach laanscht d’Defensiv ze kommen.

Wiessel bei Hoffenheim an der 77., de Pohjanpalo fir den Awoniyi. Knapp duerno den 1:1 fir Hoffenheim duerch den Dabbur, deen e Pass vum Adamyan aus 10 Meter gutt ëmsetze konnt.

Weiderer Wiessel bei Hoffenheim: Klaus fir Grillitsch a Gacinovic fir den Dabbur, deen no sengem Gol an d’Paus duerft. Och bei Union gouf gewiesselt, den Teuchert koum fir de Gentner an d’Spill.

An der 85. Minutt dann den 1:2 fir Union Berlin duerch den agewiesselte Pohjanpalo no enger perfekter Pass vum Kruse.

No engem weidere Wiessel bei Berlin - Gießelmann fir de Ryerson a Bülter fir Griesbeck, bal den 1:3 duerch de Pohjanpalo.

Giel gouf et an der 90. Minutt fir de Baumgartner, dee mam gestreckte Been an den Zweekampf mam Bülter gaangen ass.

An der leschter Minutt vun de 4 Minutten Nospillzäit dann awer nach den 1:3 duerch den Teuchert no engem laange Ball vum Bülter op de Kruse, deen dem Teuchert de Ball propper an de Fouss gespillt krut.

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO