LiichtathletikUrbain Trail Luxembourg organiséiert an Zukunft d'Route du Vin

RTL Lëtzebuerg
Den traditionelle Rendez-vous am Lëtzebuerger Liichtathletik-Kalenner gëtt an Zukunft net méi vun der FLA organiséiert.
© pressphoto (Archiv)

Route du Vin - Reportage Rich Simon

Zanter 1962 gëtt et de Semi-Marathon op der Musel. Deemools si grad emol 29 Leefer iwwer d’Arrivée gelaf. Dat leschte Joer waren et eng 1.300 Athleten, déi iwwer déi 21 Kilometer mat dobäi waren. Bis elo war d’FLA responsabel fir d’Organisatioun. D’Aarbecht, déi do derhanner stécht, ass awer fir d’Federatioun praktesch net méi ze stemmen an dofir huet ee sech decidéiert, d’Organisatioun un eng aner Firma ze ginn.

An engem Schreiwes huet d’Lëtzebuerger Liichtathletik-Federatioun e Mëttwoch bekannt ginn, datt een d’Lizenz fir d’Organisatioun vun der Route du Vin an d’Hänn vun der Lëtzebuerger ASBL “Urban Trail Luxembourg” gëtt.

Fir d’Presidentin vun der FLA, Stéphanie Empain, ginn et dofir zwee Haaptgrënn.

Extrait Stéphanie Empain

“Mir hunn eis an der phase de préparation vun der Route du Vin immens mussen dorobber konzentréiere an dat ass forcement op Käschte gaangen vun eisen eigentleche Missiounen. An zweetens hate mir trotzdeem net déi néideg Moyene fir d’Route du Vin nees no vir ze bréngen, d’Attraktivitéit vun deem Event ze steigeren, Participant- a Visiteurszuelen nees rëm no uewen ze bréngen. Bref fir d’Visibilitéit vun deem Event nees ze schafen. D’Fro, déi mir eis hu musse stellen, war folgend: Ass et wierklech eng Haaptmissioun vun enger Federatioun esou een Event ze organiséieren? Hu mir iwwerhaapt déi néideg Tools, déi néideg Ressourcen, fir där Tâche gerecht ze ginn? Fir eis war kloer, d’Route du Vin ass net egal wat fir een Event. Et ass wierklech een Event mat Traditioun, wat et verdéngt huet, professionell geréiert ze ginn, vu Leit, déi Expertise an deem Beräich hunn, an dat konnte mir als Federatioun net méi assuréieren.”

Den Organisateur vun der Route du Vin fir déi nächsten 3 Joer ass domadder also d’ASBL “Urbain Trail Luxembourg”, déi zanter Jore schonns den Urbain Trail an der Stad organiséiert.

PDF: Schreiwes FLA

Back to Top
CIM LOGO