
D’Amerikanerinne sinn als Favoritten an dëse Match gaangen, wat si och vun Ufank u wollte weisen. No 10 Minutten schléit d’O’Hara eng gutt Flank an d’Mëtt wou d’Press ouni Problemer de Ball an d’Netz konnt deviéieren.
9 Minutte méi spéit den 1:1 duerch England, ganz onerwaart. Nees eng Flank vum Mead an d’White konnt der Defense am Réck fortlafen. Si taucht eleng virum Golkipper op an huet kee Problem beim markéiere vum Ausgläich. No 32 Minutten huet d’USA nees virgeluecht, dat mat engem Gol vum Morgen, no Flank vum Horan. Hei huet déi britesch Golkipperin ze laang gewaart, fir erauszekommen an esou de amerikanescher Stiermerin et einfach gemaach.
An der zweeter Hallschent si weider keng Goler gefall, ma England hat an der 83. Minutt nach eng gutt Chance. Foul am Strofraum an d’Arbittesch huet nom Videobeweis op Eelefmeter entscheet. Ma d’Houghton hat net d’Nerven an d’Naeher konnt e schlecht palzéierte Penalty halen. Domadder war d’USA weider ee Gol vir. Kuerz drop koum et dann nach méi batter fir d’Englännerinnen, nodeem d’Bright déi zweet giel Kaart gesinn huet a misst dusche goen.
D’Arbitter hunn op 7 Minutten Nospillzäit entscheet, wou awer weider kee Gol gefall ass.
Um Mëttwoch den Owend gëtt dann den zweete Finalist gesicht, wa Schweden et mat Holland ze di kritt.