
No der Néierlag am Rheinderby ass de Bundesligist jo op déi lescht Plaz gerëtscht. An engem Communiqué um Internetsite vu Fortuna Düsseldorf heescht et, et hätt een den Trainer vu sengen Aufgaben entbonnen a fräigestallt, fir domat op déi sportlech Kris ze reagéieren.
En Dënschdeg den Owend war hien nach als Trainer vum Joer zu Düsseldorf ausgezeechent ginn, ma just 1 vun de leschten 9 Matcher konnt d’Fortuna ënnert dem Funkel wannen. Zanter Mäerz 2016 war hie beim Veräin engagéiert.
Den Uwe Rösler gouf als neien Trainer engagéiert.