Internationale FuttballValencia klappt Barcelona, Chelsea eng Ronn weider

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems spillen Southampton an Tottenham am FA Cup gläich a Florenz a Genua deele sech mat engem 0:0 d'Punkten.

FA Cup

FC Southampton - Tottenham 1:1
0:1 Son (58'), 1:1 Boufal (87')

Bal eng Stonn huet et gedauert bis den éischte Gol am Match tëscht den zwou Premier-League-Ekippe gefall ass. De Son war et, deen e schéint Zesummespill mat engem Schoss an de rietsen Eck ofschléissen an den 1:0 schéisse konnt. Dem Gaascht sollt et awer net geléngen dës Féierung iwwert d’Zäit ze bréngen. An dder 87. Minutt war et de Boufal, deen de Gol zum 1:1 Ausgläich geschoss huet. Duerch den 1:1 wäert réischt am Réckmatch feststoe, wien et an déi nächst Ronn vum FA Cup packt.

Hull City - FC Chelsea 1:2
0:1 Batshuayi (6'), 0:2 Tomori (64'), 1:2 Grosicki (78')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Florenz - Genua 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Valencia - FC Barcelona 2:0
1:0 Alba (48'), 2:0 Gomez (77')

No enger Hallschent ouni Goler huet den Alba den éischte Gol vum Match kuerz nom Säitewiessel geschoss. Dat awer an de falsche Gol, sou dass Valencia no 48 Minutten a Féierung gaangen ass. Duerno ass et dem aktuellen Tabelleleader net gelongen de Réckstand opzehuelen. An der 77. Minutt war et nämlech d’Lokalekipp, déi duerch de Gomez op 2:0 erhéije konnt. Zum Schluss geléngt dem FC Valencia d’Iwwerraschung a stellt dem FC Barcelona am Duell ëm de Meeschtertitel e Been.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO