
Dem Vera Hoffmann ass beim Regio 1 Indoor Meet an der Coque direkt een neien nationale Rekord iwwer 5.000 Meter gegléckt. Si ass d’Distanz a 16 Minutten, 9 Sekonnen a 64 Honnertstel gelaf an ass domadder 55,28 Sekonnen ënnert dem ale Rekord vum Martine Mellina aus dem Joer 2018 bliwwen. D’Vera Hoffmann war och déi beschten Damm.
Donieft gouf et e Samschdeg nach zwou national Beschtleeschtunge bei den U23. Den Olivier Juncker huet säin eegene Rekord iwwer 300 Meter ëm 23 Honnertstel verbessert. Déi national U23-Beschtzäit steet elo bei 34,43 Sekonnen. De Gil Weiderding ass d'5.000 Meter a 14 Minutten, 54 Sekonnen a 16 Honnertstel gelaf. Domadder ass hie kloer ënnert dem Mindestzäit vu 15 Minutten a 15 Sekonne bliwwen.