Standard vu LéckVeräin kritt an 1. Instanz keng Lizenz fir 1. belsch Liga

RTL Lëtzebuerg
De Standard vu Léck gëtt an d'D2 Amateur agestuuft, dat ass déi 4. Divisioun an der Belsch.
© AFP (Archiv)

D‘Lizenzkommissioun huet dës Decisioun aus 2 Grënn geholl: Éischtens well d’Primmen u verschidde Spiller nach net ausbezuelt waren, an zweetens well bei der Vente vum Stadion d‘Liquiditéite vun der Stadiongesellschaft net kloer sinn.

D‘Rouches ginn awer géint dës Decisioun an Appell.

De Guy Hellers, Legend vum Standard vu Léck, huet eis géigeniwwer gesot, datt dat mat der Lizenz just e Stuerm am Waasserglas wier. Dat géif séier gereegelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO