
An engem Referendum “Zukunftsdësch” vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun huet sech d’Majoritéit vun de Veräiner fir e Retour op aacht Ekippen an der Axa League ausgeschwat. D’Veräiner konnten tëscht enger Liga mat aacht oder zéng Ekippe wielen. 24 Stëmme ware fir e Retour op 8 Ekippen an 21 Stëmme ware fir de System, wéi en elo ass.
Fir d’Saison 2023/2024 gëllt déi nei Reegelung.
Donieft huet d’FLH en Donneschdeg matgedeelt, datt déi nächst Saison d’Punkten no der Qualifikatiounsronn net méi gedeelt ginn, mä fir den Titelgrupp onverännert bleiwen.