Route du VinVerband denkt driwwer no, Lizenz fir de Semi-Marathon un eng Firma ofzeginn

RTL Lëtzebuerg
D´Route du Vin ass déi gréisste Manifestatioun déi d´Liichtathletik Federatioun all Joer organiséiert. De Verband stéisst awer u seng Limitten.
© Pressphoto.rtl.lu

Route du Vin / E Reportage vum Rich Simon

Zanter 1962 gëtt et de Semi-Marathon op der Musel. Deemools si grad emol 29 Leefer iwwer d’Arrivée gelaf. Dat leschte Joer waren et eng 1.300 Athleten déi iwwer déi 21 Kilometer mat dobäi waren. Bis elo war d’FLA responsabel fir d’Organisatioun. D’Aarbecht, déi do derhanner stécht, ass awer fir d’Federatioun praktesch net méi ze stemmen, seet d´Presidentin vun der FLA, Stéphanie Empain.

An der Federatioun si mir konfrontéiert mat enger Situatioun, wou mir iwwer d’Joren d’Route du Vin wéi e Bëbee matdroen. Et ass jo eng vun de gréisste Manifestatiounen, déi mir an deem Beräich hunn. Et gehéiert awer net zum Core Business vun enger Federatioun, fir esou Manifestatiounen ze organiséieren.D’Route du Vin ass eng Institutioun, wat de Lafsport ugeet. Allerdéngs dierften duerch dës Course déi aner Missioune vun der FLA net drënner leiden.

Stéphanie Empain: Et geet total op Käschte vun eisen Haaptmissiounen: fir eis Athleten do ze sinn, Konzepter auszeschaffen, fir si weider ze bréngen a.s.w.

Bei der FLA ass een elo op de Wee gaangen, fir eng Ausschreiwung erauszeginn an esou ee potenziellen Organisateur fir d’Route du Vin ze fannen.

Stéphanie Empain: Well d’Route du Vin eis awer esou wichteg ass an dat net wëlle komplett aus der Hand ginn, hu mir decidéiert op de Wee ze goe vun enger Ausschreiwung, wou mir d’Lizenz op 3 Joer verginn. Dat heescht, do hu mir awer nach ëmmer bëssen, ech wëll net soen eng Main Mise drop, well dee Moment wou een engem den Optrag gëtt fir et ze maachen, ass dee jéineschen jo och responsabel dofir.

D’Stéphanie Empain sot, dass een an noer Zukunft am Comité Directeur eng Decisioun géif huelen, wat fir een Organisateur den Zouschlag kritt, fir d’Route du Vin an Zukunft ze organiséieren.

Back to Top
CIM LOGO