
De VfL Bochum huet sech e Méindeg vu sengem Cheftrainer Dieter Hecking getrennt. Dat huet de Veräin aus dem Ruhrpott annoncéiert. Donieft muss och de Sportdirekter Dirk Dufner seng Plaz fräimaachen.
An der 2. Bundesliga gouf et fir Bochum bis elo a véier vu fënnef Matcher eng Defaite, sou datt de frëschen Ofsteiger aus der 1. Bundesliga nom 5. Spilldag nëmmen op der 16. Plaz steet.
Den Dieter Hecking hat réischt am November zejoert d’Rudder zu Bochum iwwerholl. Bis een neie Cheftrainer fonnt ginn ass, iwwerhëlt den U19-Trainer Daniel Siebers beim Zweetligist.