
Obwuel hie sech dräi Strofronne geleescht huet, konnt sech de Johannes Thingnes Bö mat enger Avance vu 19 Sekonnen an 3 Honnertstel virum Vetle Sjaastad Christiansen duerchsetzen. De Sturla Holm Laegreid hat als Drëtten e Retard vu 35 Sekonnen an 3 Honnertstel. De Podium zu Ruhpolding an Däitschland war komplett a norwegescher Hand.
Bei den Damme gouf et eng spannend Course tëschent der Italieenerin Lisa Vittozzi an den 2 Franséisinne Julia Simon an Anais Chevalier-Bouchet. Um Enn ass d’Julia Simon op der 1. Plaz iwwer d’Arrivée gefuer. Op der 2. Plaz huet sech d’Lisa Vittozzi mat engem Réckstand vu knapp iwwer 2 Sekonnen klasséiert. Ronn 6 Sekonnen hannert der Gewënnerin ass d’Anais Chevalier-Bouchet op déi 3. Plaz komm.