
Um Sonndeg stoung mam Schifléien zu Planica a Slowenien dat lescht Sprangen vun dëser Saison um Programm. Och wann et net fir eng Victoire duergaangen ass, esou gouf awer och dëst lescht Schifléie vu slowenesche Sprénger dominéiert wéi der direkt 5 vun hinnen ënnert de beschte 7 gelant sinn. Gewanne konnt dann awer souverän den Norweger Marius Lindvik virum Japaner Yukiya Sato. Déi drëtt Plaz war fir de beschte Slowen Peter Prevc.
Am General konnt sech de Japaner Ryoyu Kobayashi virum Karl Geiger aus Däitschkland déi grouss Kugel sécheren. Duerch seng Victoire konnt de Marius Lindvik nach säi Landsmann Halvor Egner Granerud vun der 3. Plaz verdrängen.
An der Natiounewäertung ka sech Éisträich knapps viru Slowenien duerchsetzen, déi et mat hirer staarker Performance nach eng kéier spannend gemaach haten. Op déi drëtt Plaz kënnt hei Däitschland.
An der Gesamtwäertung vum Schifléien sëtzt sech de Slowen Zigar Jelar duerch.