BiathlonVictoire fir de Martin Fourcade a Kaisa Mäkäräinen

RTL Lëtzebuerg
Zu Oberhof an Däitschland konnt sech am Massestart de Martin Fourcade bei den Hären an d'Kaisa Mäkäräinen bei den Dammen duerchsetzen.
© AFP

Bei staarkem Wand haten et d’Leefer an d’Leeferinnen am Massestart schwéier um Schéissstand a soumat goufe vill Feeler geschoss. Bei den Dammen louch d’Tiril Eckhoff no den éischten 2 Schéissen a Féierung mee huet dunn 3 Feeler geschoss an huet d’Féierung missen ofginn. D’Finnin Kaisa Mäkäräinen dogéint, ass um Schéissstand ganz cool bliwwen beim leschte Schéissen alles treffen a soumat dës Course gewannen.

© AFP

Bei den Hären huet de Fransous Martin Fourcade eng staark Leeschtung gewisen a konnt no der Victoire am Sprint e Freideg seng 2. Victoire an dëser Saison feieren. Op der leschter Ronn konnt den Arnd Peiffer nach de Simon Desthieux offänken a gëtt virum Fransous den zweeten.

Back to Top
CIM LOGO