Schi AlpinVictoire fir den Henrik Kristoffersen am Slalom zu Chamonix

RTL Lëtzebuerg
Géint den Norweger war an deenen zwee Duerchgäng kee Kraut gewuess a sou wënnt de Slalom-Spezialist virum Ramon Zenhäusern an dem Sandro Simonet.
© AFP

Den Norweger Henrik Kristoffersen gewënnt mat engem Virsprong vun 0,28 Sekonne virun deenen zwee Schwäizer Ramon Zenhäusern an dem Sandro Simonet (+0,66) de Slalom zu Chamonix a Frankräich. De Gewënner vun e Samschdeg Clement Noel ass no engem Fuerfeeler mat 2,77 Sekonne Réckstand net an den 2. Duerchgang komm. Am Weltcup bleift den Alexis Pinturault mat groussem Virsprong a Féierung, 258 Punkten hannendru kënnt de Marco Schwarz.

Iwwerdeems ass bei den Dammen de SuperG wéinst schlechte Wiederkonditiounen an immens vill Niwwel op e Méindeg verluecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO