
No de 4x 7,5 Kilometer konnte sech de Fabien Claude, de Quentin Fillon Maillet, d’Anais Chevalier Bouchet an d’Julia Simon iwwer déi éischt Plaz freeën. Italien hat op der 2. Plaz e Réckstand vu 24,6 Sekonnen. De Podium gouf vu Schweden mat engem Retard vu 47,2 Sekonne komplettéiert.
Déi éischt Course vun der Saison an der Single-Mixed-Staffel gouf vum norwegeschen Duo Ingrid Landmark Tandrevold a Vetle Sjaastad Christiansen gewonnen. D’Plazen 2 an 3 goungen u Frankräich (+41 Sekonnen) an iwwerraschend un d’Schwäiz (+49, 3 Sekonnen).