
No enger taktescher éischter Hallschent hu Real Madrid a Manchester City eng besser zweet Hallschent gewisen an et war méi Tempo am Spill. Nodeems Real Madrid mat 1:0 a Féierung konnt goen, ass et Manchester City gelongen de Match ze dréinen a wanne mat 2:1. Am zweete Match ass Lyon d’Iwwerraschung gelongen a wënnt mat 1:0 géint Juventus Turin déi ee vun de Fvoritten vun der Champions League sinn.
Bei Real Madrid konnt den Eden Hazard oprgrond vun enger Blessur net matwierken an iwwerraschend souz den Toni Kross op der Bänk, dofir stoung de Fede Valverde um Terrain. Och de Marcelo krut eng Paus, fir heen stoung de Mendy an den éischten 11. Bei Manchester City hunn am Verglach zum Match géint Leicester City den Otamendi a Gabriel Jesus fir den Fernandinho an Agüero ugefaangen.
An den Ufanksminutten huet sech kee sou richteg getraut an esou war et en taktescht Spill tëscht deenen zwou Ekippen. Manchester City hat vill de Ball mee de Real huet de Raum exzellent zougemaach sou dat d’Gäscht keng Lück fonnt hunn.
An der 21. Minutt gouf et dann awer déi éischt gutt Chance am Match wéi den De Bruyne de Gabriel Jesus an d’Spëtzt geschéckt huet, dësen de Varane nach stoe gelooss huet mee de Courtois konnt de Schoss paréieren.
Eng grouss Chance gouf et du fir Real Madrid an der 30. Minutt wéi de Benzema no enger Flank vu lénks zum Kappball koum an den Ederson just zur Säit ofwiere konnt. Beim Noschoss ass de Vinicius a Récklag geroden a konnt soumat keng Kraaft méi hannert de Ball bréngen.
No der Paus hu béid Ekippe dunn mat méi Tempo gespillt an de Match ass méi interessant ginn. Et war Manchester City déi méi zwéngend bliwwe sinn an ëmmer nees geféierlech virun de Courtois komm sinn.
An der 60. Minutt waren et awer d’Haushären déi a Féierung konnte goen. An der eegener Hallschent huet de Rodri de Ball verluer, de Vinicius Junior huet Tempo opgeholl, de Ball an d’Mëtt op den Isco geluecht an deen hat keng Problemer de Ball am rietsen Eck ënnerzebréngen.
Mam 1:0 am Réck ass Real besser an de Match komm, koume nach e puer mol geféierlech virun de Gol a waren elo déi besser Ekipp. Mee elo waren et dann awer d’Gäscht déi an déi gutt Phase vun de Madrilenen zougeschloen hunn. No enger Flank vu lénks gewënnt de Gabriel Jesus d’Kappballduell géint de Sergio Ramos a käppt fir den 1:1 an de Gol.
Nëmme 5 Minutte méi spéit hat Manchester City de Match gedréint. No engem onnéidege Feeler vum Carvajal um Sterling huet den Arbitter richtegerweis op de Punkt gewisen. Den De Bruyne huet géint säi Landsmann, de Courtois, keng Nerve gewisen a souverän an de lénksen Eck geschoss.
Et sollt awer nach méi batter fir de Real Madrid kommen wéi de Sergio Ramos no enger Noutbrems kuerz virum Strofraum déi glat rout Kaart gesinn huet.
Am Schluss huet sech dunn näischt méi um Resultat geännert a Manchester City wënnt mat 2:1 am Estadio Bernabeu.
An der éischter Hallschent huet Lyon ganz gutt mat Juventus matgehalen an haten gutt Chancen am Géigesaz zu de Gäscht déi sech schwéier gedoen hunn. An der 21. Minutt huet den Toko Ekambi de Ball no enger Flank vum Aouar op d’Lat gekäppt.
An der 31. Minutt dann d’Féierung fir den Aussesäiter: Den Aouar ass op der lénker Säit an de Strofraum agedrongen, huet de Ball zeréck op den Tousart geluecht an deen huet de Ball onhalbar an de Wénkel geschoss.
D’Italiener haten och dono nach ëmmer Problemer mat der kompakter Spillweis vun de Fransousen a konnten sech quasi keng Chancen erausspillen. Soumat war d’Féierung fir Lyon an der Paus verdéngt.
Och no der Paus stoung Lyon ganz disziplinéiert an der Defense an d’Turiner hu sech d’Zänn ausgebass. An der Attack konnten d’Haushären allerdéngs keng richteg Akzenter méi setzen.
An de Schlussminutten huet dem Cristiano Ronaldo seng Ekipp de Géigner am eegene Strofraum agekreest fir de wichtegen Auswäertsgol ze schéissen mee dëst sollt hinnen awer net méi geléngen.