WantersportVictoirë fir Ortlieb an Odermatt am Super-G

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg stoung am Schi Alpin bei den Dammen a bei den Hären de Super-G um Programm.
© AFP

Um Enn vun enger turbulenter Course am Schi Alpin zu Kvitfjell an Norwegen konnt d’Nina Ortlieb aus Éisträich sech am Super-G virun hire Landsfrae Stephanie Vénier a Franziska Gritsch duerchsetzen.

Am Super-G bei den Hären zu Aspen an den USA gouf et iwwerdeems eng Victoire vum Marco Odermatt. De Schwäizer hat um Enn eng knapp Avance vu 5 Honnertstelsekonnen op den Andreas Sander aus Däitschland. Déi drëtte Plaz war fir den Aleksander Aamodt Kilde.

Back to Top
CIM LOGO