ReidenVictor Bettendorf gewënnt de Grousse Präis vu CSI3* zu Vilamoura (POR)

RTL Lëtzebuerg
Et ass domat den drëtte Weekend hannerteneen, dass de Victor Bettendorf op engem Turnéier de Grousse Präis fir sech kann entscheeden.
© pressphoto (Archiv)

Dëst Kéier war et eng Prüfung vun 1,55m an 100.000€ dotéiert. Et waren nëmme 5 vun 42 feelerfräi am normalen Ëmlaf. Am Stieche war de Victor Bettendorf den Eenzegen, dee mat sengem Päerd Simolo de la Roque Z ouni Strofpunkt bliwwen ass.

An der Dressur konnt d’Fie Christine Skarsoe sech déi zweete Platz beim CDI4* zu Lier (BEL) an der Grand Prix Kür sécheren. D’Fie Christine Skarsoe krut mat sengem Päerd Imperador dos Cedros 74,090%, am Ganze waren 9 Reider an der Prüfung.

Back to Top
CIM LOGO