LiichtathletikVictoria Rausch a Patrizia van der Weken mat nationalen Indoor-Rekorden

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Regio-Meet 3 am Gymnase vun der Coque si béid Lëtzebuergerinnen een neien nationalen Indoor-Rekord an hirer Disziplin gelaf.

D’Victoria Rausch ass 60 Meter Hecken an 8 Sekonnen a 17 Honnertstel gelaf a konnt domadder een neie Rekord opstellen. Den ale lëtzebuergeschen Indoor-Rekord fir déi Disziplin louch bei 8 Sekonnen an 21 Honnertstel.

D’Patrizia van der Weken ass iwwerdeems 200 Meter an 23 Sekonnen an 96 Honnertstel gelaf. Den ale nationale Rekord vum Tiffany Tshilumba gouf domat ëm 7 Honnertstel verbessert.

Back to Top
CIM LOGO