BGL Ligue - Virschau (3)Victoria Rouspert géint Rodange

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass den Optakt vun der BGL Ligue an dofir presentéiere mir Iech am Laf vun der Woch d'Matcher vum 1. Spilldag.

Am Kader vun eiser Virschau huele mir Iech mat op d’Sauer. Rouspert kritt nämlech um éischte Spilldag Besuch vu Rodange.

BGL Ligue - Virschau: Rouspert géint Rodange

Rouspert a Rodange sinn éischter zwou Ekippen, déi géint den Ofstig spillen. D’Preparatioun zu Rouspert war gutt an och all Testmatch konnt esou gespillt gi wéi geplangt. D’Zilsetzung fir déi nei Saison ass bei der Ekipp vum Trainer Marc Thomé relativ kloer. Et wéilt een an der BGL Ligue dra bleiwen, et hätt ee sech awer gutt verstäerkt an esou hofft de Marc Thomé, datt ee villäicht eng Iwwerraschungsekipp gëtt an datt een da schonns am Abrëll oder Mee fir déi nei Saison plange kéint. Weider erhofft de Rousperter Trainer sech eng gutt Performance an der Coupe de Luxembourg.

Fir vun Ufank un e bësse Rou ze hunn, wier et extrem wichteg, am éischte Match géint Rodange ze wannen. Dat wier fir d’Victoria ee ganz wichtege Match, well et virun allem een direkte Konkurrent wier. Weider hätt ee mat Rodange nach eng Rechnung opstoen, well een d’lescht Saison do eng ganz batter Néierlag hätt missen astiechen.

D’Partie tëscht Rouspert an Rodange ass e Sonndeg um 16 Auer.

Den Iwwerbléck

BGL Ligue - Virschau (1): Munneref géint HueschtertBGL Ligue - Virschau (2): FC Wolz 71 géint Etzella Ettelbréck

Back to Top
CIM LOGO