Den Tëschebilan no enger Woch Darts-WMVill spannend Matcher an zwou grouss Enttäuschungen

RTL Lëtzebuerg
Wärend déi meescht Sportaarten an der Wanterpaus sinn gëtt zanter enger Woch zu London am Alexandra Palace déi 30. Weltmeeschterschaft am Darts gespillt.
© IAN STEPHEN ProSportsImagesDPPI via AFP

No 15 “Sessions” a 60 Matcher ass et un der Zäit, fir en éischten Tëschebilan ze zéien.
An deenen éischten zwou Ronnen vun der Darts-WM konnt ee vill spannend Matcher gesinn. Déi grouss Favoritte wéi de Weltmeeschter Peter Wright, d’Nummer 1 vun der Welt Gerwyn Price oder och de Michael Van Gerwen an de Michael Smith konnte sech alleguer souverän duerchsetzen. Wéi all Joer goufen et dann awer och Spiller, déi scho fréi am Turnéier iwwerrascht respektiv enttäuscht hunn. Dorënner och de fréiere Weltmeeschter Adrian Lewis, deen an der zweeter Ronn ausgescheet ass, esou de President vun der Lëtzebuerger Darts Federatioun Tom Becker. “Bis elo gouf et just eng grouss Iwwerraschung an dat war den Jim Williams, deen d’Nummer 8 vun der Welt den James Wade an engem spannende Match schloe konnt. D’Enttäuschunge si fir mech bis elo den Daryl Gurney a virun allem den Adrian Lewis. Déi zwee fannen hir Form net méi zeréck an hunn hir Matcher mat 3:0 verluer. Den Adrian Lewis hat souguer nëmmen een ‘Average, vu knapps iwwert 80.”

Fir déi éischte Kéier waren dëst Joer mat der “Queen of the Palace” dem Fallon Sherrock, dem Lisa Ashton an dem Beau Greaves 3 Dammen op der Weltmeeschterschaft mat dobäi. Allen 3 goufen an hirem éischte Match eliminéiert, och wann d’Resultat net onbedéngt hir Leeschtung zeréckgespigelt huet. “Déi 3 hu richteg gutt gespillt, haten awer Pech, datt si richteg staark Géigner haten. D’Fallon Sherrock hat richteg gutt Chancë fir ze gewannen, huet an deene wichtege Momenter ‘d’Doubelen’ awer net getraff. Och d’Beau Greaves hat déi eng oder aner Chance, mä de William O’Connor war einfach äiskal. Mä fir seng 18 Joer huet si richteg gutt gespillt an deenen nächste Jore wäerte mir nach oft vun hir héieren.”

Den Tëschebilan no enger Woch Darts-WM / Sam Rickal

Wat och opfält sinn déi vill Feiler, déi aus der Dartsscheif nees eraussprangen, sougenannte “Bouncer”. Dat konnt ee virun allem am Match vum Dave Chisnall géint den Andrew Gilding gesinn. Dem Tom Becker no kéint dat verschidde Grënn hunn. “Wa vill Feiler aus der Scheif falen, da kann dat vill verschidde Grënn hunn. Et ka sinn, datt een ee Feeler a sengem Worf huet an de Feil ze fréi oder ze spéit lassléist. Da kënnen d’Feiler an engem falsche Wénkel op d’Scheif falen a rausfalen. Et kann awer och sinn, datt de Feil selwer ze laang oder ze schwéier ass. Doduerch ass hir Fluchbunn net ideal a si kënne falsch un der Scheif ukommen. Am Match vum Dave Chisnall ass et gutt méiglech, datt d’Scheif ze fest gepresst war an da geet d’Spëtzt vum Feil net déif genuch oder guer net an d’Scheif eran. Et huet ee gemierkt, datt dem Chisnall seng Feiler net déif ragaange sinn an nach labber an der Scheif houngen.”

Ier et dann op der Darts-WM bis de 27. Dezember an d’Chrëschtdagspaus geet, ginn e Freideg den Owend déi lescht 4 Matcher vun der zweeter Ronn gespillt.

Back to Top
CIM LOGO