"Stade de Luxembourg"Vill Technik fir eng perfekt Live-Iwwerdroung

RTL Lëtzebuerg
Am neie Futtball- a Rugbystadion op der Cloche d'Or gouf d'lescht Woch deen éischten offizielle Match gespillt.
Vill Technik fir eng perfekt Live-Iwwerdroung
Am neie Futtball- a Rugby-Stadion gouf d’lescht Woch deen éischten offizielle Match gespillt.

Am Oktober 2019 hätt een eigentlech mat der Ouverture vum Stade de Luxembourg gerechent, ma d’Pandemie an e sëllegen Delaie beim Bau hunn dem Timing e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Am Stade de Luxembourg gouf d’lescht Woch fir déi éischte Kéier en offizielle Match ugepaff. Nodeems de Josy Barthel Stadion schonn zanter Längerem net méi den Norme vun der Uefa entsprach huet, ass deen neie Stadion elo mat all den néidege Sécherheetsstandarden equipéiert.

Ma och d’Technik fir d’Live-Iwwerdroung op der Tëlee huet missen op den neiste Stand bruecht ginn. Zwar war den techneschen Equipement ni de Problem, ma dofir hunn d’Infrastrukturen am ale Stadion op der Areler Strooss net méi dat hier ginn, wat vun internationaler Säit erwaart war. Sou hunn zum Beispill missen extra Plattforme fir d’Kameraen iwwert den Tribünen installéiert ginn, fir dass een e bessere Wénkel huet, vun deem aus een de Match ka filmen.

12 Kamerae ginn am Ganze fir d’Live-Iwwerdroung op der Tëlee gebraucht. Dorënner sinn och ganz speziell Kameraen, mat deenen een zum Beispill ganz no eruzoome kann oder déi eng Aktioun a Super-Slow-Motion festhale kënnen. Dat Ganzt erméiglecht dann dem Spectateur doheem dat beschtméiglechst Erliefnis.

Fotoe vum Stade Luxembourg an dem 1. Match

Back to Top
CIM LOGO