Weider AuszeechnungVincent Thill als beschte Spiller gekréint

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 3. franséischer Liga zu dem beschte Spiller vun der Saison gewielt.
© pressphoto (archiv)

De Vincent Thill, dee jo fir d’Saison 2018/19 vum FC Metz un den FC Pau an d’National 2 a Frankräich ausgeléint gouf, konnt op en Neits vu sech schwätzen doen. Dat jonkt Nowuesstalent huet d’Saison iwwer senger Ekipp mat 12 perséinleche Goler gehollef.

Nieft der Auszeechnung als “Beschte Spiller vun der Saison” konnt den Thill fir seng gutt Performancë schonn de Präis vun der “Révélation de l’année” entgéinthuelen an huet et och an d’Equipe type vun der Spillzäit gepackt.

© foot-national.com

Back to Top
CIM LOGO