Lëtzebuerger Futtballer am AuslandVincent Thill gëtt a Frankräich geéiert

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf e Samschdeg den Owend fir seng gutt Leeschtungen an der Saison fir den FC Pau mat zwee Präisser ausgezeechent.
© Pressphoto (Archiv)

Sonndeg

Den FC Ufa huet géint Spartak Moskau eng 0:1-Néierlag missen astiechen. Mat vun der Partie war déi komplett 90 Minutten iwwer och den Oli Thill. Der Defaite hat och de Lëtzebuerger Nationalspiller näischt entgéintzestellen, en huet awer an der 77. Spillminutt déi giel Kaart gewise kritt.

An der zypriotescher éischter Futtballdivisoun huet Apollon Limassol 1:2 géint AEK Larnaca de Kierzere gezunn. Bei der Heemekipp war de Vahid Selimovic déi komplett Spillzäit iwwer um Terrain.

Samschdeg

An der 3. belscher Divisioun gewënnt Virton mat 3:1 géint Lierse. Den Anthony Moris stoung déi 90 Minutten um Terrain.

An der Regionalliga Südwest ass de Maurice Deville mat Waldhof Mannheim io schonn laang secher opgestigen an och um 33. Spilldag konnte se sech mat 3:0 géint Astoria Walldorf duerchsetzen. Den Deville konnt den 3:0 markéieren an dëst ass domadder säin 9. Gol an dëser Saison.

An der selweschter Divisioun gewënnt Elversberg mat 3:1 géint Balingen. Den Aldin Skenderovic stoung heibäi an der Startformatioun.

An och de Florian Bohnert stoung bei Pirmasens an den éischten 11 mee verléiert mat 0:5 géint Homburg. All déi 5 Goler goufen an den éischten 35 Minutten geschoss.

Um Samschdeg hunn de Leandro Barreiro an de Ryan Johannsson am leschte Match vun der Saison mat der U19 géinteneen gespillt. Et ass dann och mat engem ganz frëndschaftlechen 0:0 tëscht deenen 2 op en Enn gaangen.

© Instagram Leandro Barreiro

Freideg

An der Ligue 2 a Frankräich huet Metz den Derby zu Nanzeg mat 0:1 verluer. Den decisive Gol huet de Bassi an der 34. Minutt geschoss. De Lëtzebuerger Laurent Jans souz bei Metz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. D’Grenats sti jo well als Tabellenéischten an der Ligue 2 fest, sou datt si déi nächst Saison nees an der Ligue 1 wäerte spillen.

Weider Infoen iwwert de Match fannt Dir am Artikel vun eise Kollege vum 5minutes:

RTL-Artikel vum 5minutes: Les Grenats surclassés dans un derby lorrain explosif Troyes war e Freideg den Owend auswäerts Clermont Foot mat 4:2 iwwerleeën. De Christopher Martins stoung net am Kader, dat wéinst enger Spär.

Gudden Noriichte gouf et e Freideg den Owend da fir Virton, de Club vun ënnert anerem de Lëtzebuerger Nationalspiller Aurélien Joachim an Anthony Moris. De Veräi vum Flavio Becca krut d‘Lizenz fir déi 2. Belsch Divisioun. An enger 1. Phas hat Virton déi Lizenz jo net kritt, well Pabeiere gefeelt hunn, wat de Sponsoring ugeet.

Wann der Veräin aus der Gaume e Samschdeg géint Lierse spillt, kënnt de Profi vu Paris Saint-Germain, belschen Nationalspiller a fréiere Spiller vu Virton, Thomas Meunier, den Ustouss maachen.

Donneschdeg

En Donneschdeg den Owend gouf et fir Pau an der National a Frankräich eng wichteg Victoire. Duerch de 4:1 bei der Entente Sannois Saint-Gratien spillt de Veräin ronderëm de Vincent Thill och déi nächst Saison nees an der National.

Am virleschte Match vun der Saison huet och de Vincent Thill nach emol op sech opmierksam gemaach. Nodeems Pau an der Paus schonn 2:0 a Féierung louch, huet de Lëtzebuerger Nationalspiller an der 70. Minutt per Eelefmeter op 3:0 gesat an huet an der 83. Minutt mat engem wonnerschéine Gol fir de 4:0 gesuergt.

Den Talal huet an der 90. Minutt nach fir d’Lokalekipp den 1:4 geschoss.

Fir de Vincent Thill waren et um Donneschdeg d’Goler Nummer 11 an 12 fir Pau. Seng gutt Performancen hunn dann och dozou geféiert, datt déi jonk Vedette de Präis vun der “Révélation de l’année” entgéinthuele konnt an donieft och zu den 11 beschte Spiller vun der Saison gekréint gouf.

Back to Top
CIM LOGO