Am décke SchnéiVirtuelle Silvesterlaf zu Rammerech

RTL Lëtzebuerg
Bei dëser aussergewéinlecher 37. Editioun war och nees den Albert Recken mat dobäi. Hien huet bis elo nach keng Editioun vum Silvesterlaf verpasst.
Virtuelle Silvester zu Rammerech
Bei dëser aussergewéinlecher 37. Editioun war och nees den Albert Recken mat dobäi. Hien huet bis elo nach keng Editioun vum Silvesterlaf verpasst.

500 Leefer a Leeferinnen, déi sech op de Wee maachen, fir 10 Kilometer duerch
d’Stroosse vu Rammerech ze lafen - dat sinn Erënnerungen aus de leschte Joren, well wéinst der Corona-Pandemie gouf d’Course dëst Joer annuléiert. Fir datt den traditionelle Laf-Rendez-vous um Enn vum Joer dës Kéier net komplett huet mussen ausfalen, gouf e virtuelle Silversterlaf organiséiert.

Den Albert Recken ass ee vun deenen, déi bei der virtueller Editioun matgemaach huet. Hien huet bis elo nach keng Editioun verpasst. Déi 37. ass awer eng aussergewéinlech, net nëmme well se sech am 20 Zentimeter héije Schnéi ofwéckelt. Den Albert Recken vermësst och d’Fachsimpelen ënner de Kolleegen no der Course. Um
Silvesterlaf gëtt de sportleche Bilan vum Joer gezunn a fir dat nächst Joer geplangt. Dat wat no der Course passéiert, ass wuel esou
wichteg wéi d’Lafen u sech.

Back to Top
CIM LOGO