"Stade de Luxembourg"Visitt fir d'Press an d'Chamberkommissioun vum neie Stadion

Monique Kater
Franky Hippert
Tom Hoffmann
Um Freideg krut d'Chamberkommissioun Sport an duerno d‘Press den neien nationale Futtball- a Rugbystadion op der Cloche d'Or virgestallt.
"Stade de Luxembourg"
Um Freideg krut d‘Chamberkommissioun Sport an duerno d‘Press den neie nationale Futtball- a Rugbystadion op der Cloche d’Or virgestallt.

D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet confirméiert, datt den 1. September de WM-Qualifikatiounsmatch géint den Aserbaidjan an der neier Enceinte soll gespillt ginn.

E Mëttwoch ass en Testmatch tëscht zwou Ekippe vun der FLF-Futtballschoul, fir d’Ofleef eng Kéier ze testen. Et gëtt keng Vente vun Tickete fir Spectateuren, et sinn awer eng ronn 1.500 bis 1.800 Leit op Invitatioun hin - Vertrieder vun den FLF-Clibb a Membere vun den FLF-Kommissiounen - e Mëttwoch am Stadion.

"Stade de Luxembourg"
Um Freideg krut d‘Chamberkommissioun Sport an duerno d‘Press den neie nationale Futtball- a Rugbystadion op der Cloche d’Or virgestallt.

D’Käschte vum neie Stadion leien aktuell nach ëmmer bei ronn 76 Milliounen Euro. Da gouf och den neie Logo vum Stade de Luxembourg virgestallt. D’Buergermeeschtesch huet op eis Nofro hin awer och gesot, datt verschidden Aspekter, wat d‘Sécherheet ronderëm de Stadion ugeet, nach verstäerkt wäerte ginn.

Am Bauch vum Stadion, Presseraim asw. ass relativ vill, wat de Mobilier ugeet, a Schwaarz a Wäiss gehalen. D’Sëtzer vun de Spectateuren am Stadion si rout, wäiss oder blo. D’Éierentribün ass ganz a blo, genee wéi och d’Sëtzer ënnen um Terrain vun den Trainer an de Spiller.

Mat der Luuchten -a Soundanlag, sou wéi och mat de Videoleinwänn kann ee sech op e spektakuläre Virprogramm virun de Matcher astellen.

Enn September soll dann eng richteg Ouverturesfeier sinn. Duerch d’Covidmesurë kéint et awer sinn, datt net déi ganz Capacitéit vum Stadion, wat d’Spectateuren uginn, genotzt kéinte ginn, esou d’Lydie Polfer.

PDF: Schreiwes Stad Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO