Schi AlpinVlhova feiert éischt Victoire dës Saison, Shiffrin verpasst Victoire

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend stoung am Schi Alpin bei den Dammen den Nuets-Slalom zu Flachau um Programm.
D'Petra Vlhova als Slalom-Champion. (Symbolbild)
D’Petra Vlhova als Slalom-Champion. (Symbolbild)

Bei der Victoire am Riseslalom zu Kranjska Gora huet d‘Mikaela Shiffrin de Rekord vum Lindsey Vonn egaléiert. En Dënschdeg huet d’US-Amerikanerin op hir 83. Weltcup-Victoire gehofft. Nom éischte Laf louch d’Shiffrin awer nëmmen op der zweeter Plaz, 17 Honnertstel hannert dem Petra Vlhova.

Am zweete Laf konnt déi 27 Joer al Slowakin hir Avance nach eemol vergréisseren a konnt esou hir éischt Victoire fir dës Saison feieren. D’Mikaela Shiffrin kënnt um Enn op déi zweete Plaz a verpasst domat hir 83. Victoire am Weltcup. De Podium gouf komplettéiert vum Lena Duerr aus Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO