
Domadder kënne ronn 9.400 Leit de leschte Match vun der Lëtzebuerger Nationalekipp am Grupp A live suivéieren. De Virverkaf vun den Tickete fänkt e Freideg um 12.00 Auer un. Zanter der Ouverture vum Stade de Luxembourg si bis ewell nëmme maximal 2.000 Spectateuren zougelooss ginn. Leit, déi net geimpft oder nees gesond sinn, mussen en negativen PCR-Test virweisen.
Am Virfeld trëfft d’Ekipp vum Luc Holtz den 11. November a Baku op den Aserbaidjan, éier et da fir den Heemmatch an de Stade de Luxembourg géint Irland geet.