Nei CoronareegelenVum 13. Juni u kann een zu 10 zesumme Sport maachen ouni Restriktiounen

Tim Hensgen
Bei iwwer 10 Persounen huet een de Choix tëscht enger Distanz vun 2 Meter, déi muss agehale ginn, oder dem Undoe vum Mask.
Ouverturen am Sport
Vum 13. Juni u kann een zu 10 zesumme Sport maachen ouni Restriktiounen.

Fir Manifestatiounen tëscht 11 a 50 Persoune gëllen 2 Meter Distanz an de Mask. Bei bis zu 300 Spectateuren (virdrun 150) muss een do donieft och nach sëtzen.

Mam neie Covid Check (getest, geheelt, geimpft) falen dës Restriktiounen ewech. Et gëtt och d’Méiglechkeet, Sportskompetitiounen ze organiséiere mat bis zu 2.000 Leit (bis elo 1.000), dat awer just mat engem spezielle sanitäre Konzept, dat vun der Santé muss accordéiert ginn.

Interessant an dësem Kontext sinn zum Beispill d‘Basketfinallen an de Championnat am Cyclissem.

Back to Top
CIM LOGO