Olympesch Spiller 2024Wat kënnt op Iech duer, wann Dir mam Auto op oder duerch Paräis wëllt fueren?

RTL Lëtzebuerg
Vum 26. Juli bis den 11. August sinn zu Paräis d'Olympesch Spiller. Dës wäerten och e groussen Impakt op den Trafic zu a ronderëm Paräis hunn.
© AFP

De “European Consumer Centre Luxembourg” warnt, datt d’Olympesch Spiller net nëmme Repercussioune wäerten hu fir d’Spectateure vun de Summerspiller, ma och fir déi Leit, déi, fir an hir Vakanzendestinatioun ze kommen, mussen duerch Paräis fueren. Deemno soll ee sech astellen, dass den Trajet duerch d’Île-de-France-Regioun duebel oder esouguer dräi Mol esou laang dauere kann.

Dat virop, well eng geschate 15 Millioune Visiteuren erwaart ginn, ma och wéinst méi strenge Reegelen, wat den Trafic ugeet. Wéinst der Sécherheet wärend de Spiller wäerte fir dës Zäit och dräi Sécherheetszone gëllen. Fir all eenzel Zon gëllen aner Sécherheetsmesuren.

Sécherheetszonen zu Paräis

An d’blo Zon dierf kee mat sengem Privatauto eran, ausser et huet een eng residentiell Parkerlabnis an en entspriechend Dokument. Taxien a Bussen duerfen an dës Zon eran.

An der rouder Zon ass praktesch all Trafic verbueden. Just Taxien, déi eng vum IOC accordéiert Persoun transportéieren a Residentë mat entspriechender Erlabnis dierfen eran.

Déi gro Zon ass déi restriktiivst. Dës Zone sinn direkt bei de Sitten, wou d’Kompetitioune sinn. Hei gëtt et eng Sécherheetskontroll. Hei si guer keng Gefierer erlaabt, net emol Scooteren oder Vëloen.

Dofir mécht de “European Consumer Centre Luxembourg” drop opmierksam, datt ee sech am viraus informéiere soll, duerch wéi eng Zonen een net fueren duerf. Um Site vun der Paräisser Police kann ee sech dat alles genee ukucken.

“Olympesch Achsen”

Verschidde Paräisser Stroosse wäerten als speziell “Olympesch Achsen” designéiert ginn. Deemno sinn déi Stroosse fir vum IOC akkreditéiert Persoune reservéiert. Verschidde gréisser Autobunne kéinten och doduerch affektéiert ginn, dorënner d’A1 tëscht Porte de la Chapelle an dem Fluchhafe Roissy-Charles de Gaulle a béide Richtungen oder och nach d’A13 tëscht Boulogne a Porte d’Auteuil a béide Richtungen.

Déi komplett Lëscht vun den “Olympeschen Achsen” fannt Dir hei.

Parken a Peage

Parken zu Paräis wäert och immens deier si wärend den Olympesche Spiller, genau wéi och de Peage op den Autobunnen. Virun allem Besëtzer vun engem SUV wäerten déif an d’Täsch gräife mussen, deemno wou se parke wëllen. Parkt ee mat sengem SUV am Zentrum kann ee fir 6 Stonne bis zu 225 Euro bezuelen.

Interaktiv Kaart

Am Viraus vun den Olympesche Spiller wäert et verschidden Testphase ginn, wou den Trafic deementspriechend och schonns wäert perturbéiert ginn. Et gëtt dofir awer interaktiv Kaart, wou ee sech zu all Moment ukucke kann, wéi et ausgesäit.

Back to Top
CIM LOGO