
Et ass scho kloer, datt d’Rout Léiwen déi lescht am Grupp wäerte bleiwen. D’Fro ass, ob si an de Barrage kommen, oder direkt an d’League D ofsteigen.
D’Resultater waren dës Campagne net déi erwaarten. Donieft goufen et och Onroue ronderëm d’FLF-Selektioun, wéi zum Beispill déi rezent Diskussiounen am Kontext Maxime Chanot.
Allgemeng wëll sech den Nationaltrainer net méi wäit projezéieren, wéi d’Partie géint Nordirland. Hie setzt de ganze Fokus dorop, an da gëtt déi nächst Deeg seng an déi global Situatioun analyséiert.
Dës Campagne haten d’Lëtzebuerger wuel eng Kéier markéiert, mä just mam Gerson Rodrigues op Eelefmeter hin. D’Effikassitéit feelt einfach an dëser Nations-League-Campagne.
Wann d’FLF-Selektioun e Méindeg en negatiivt Resultat mécht, da riskéiert dës, direkt ofzesteigen. D’Nordire sinn de Moment Tabelleleader, mä mussen e positiivt Resultat realiséieren, fir sécher op der éischter Plaz ze bleiwen. Et geet deemno fir déi zwou Ekippen ëm ganz vill.
E Freideg géint Bulgarien konnt een d’Golchancen, déi net rar waren, net a Goler ëmmënzen. Virum leschten Training hat de Nationaltrainer e bësse Bedenken, well den Danel Sinani e liichte Problem mat enger Wued hat, mee dat misst awer an der Rei sinn a soss misst jidderee fit sinn och wann den Dirk Carlson mat enger Mask wäert spillen, fir seng Nues ze schützen.
De Leandro Barreiro hat jo e Freideg gefeelt, well hien nach kee Feu vert hat vu sengem Veräi Benfica Lissabon no senger Verletzung. Elo ass den Accord do, an de wichtege Barreiro ka senge Kolleegen um Terrain hëllefen.
Wéi gewinnt kënnt Dir bei eis um RTL Zwee, um Radio an um Internet d’Partie Lëtzebuerg géint Nordirland suivéieren.