Wat dacks vergiess gëtt, ass déi ganz Logistik an Organisatioun hannert engem Match op internationalem Niveau.
Fir den FC Déifferdeng 03 bedeit sou eng Qualifikatioun fir d’Champions League net nëmmen eng sportlech Erausfuerderung, mee och eng logistesch a mënschlech Leeschtung. D’Qualitéit an Zukunft vum Club an alle Sektiounen, Jugend, Dammen, Futsal etc, hänkt vun der sportlecher Leeschtung vun der éischter Ekipp of.

Vu verluerene Wallissen iwwer Spiller aus aller Welt, déi sech an engem neie Kader mussen afannen, bis bei déi kleng Delegatioun vu Fans, déi trotz allem hannert hirer Ekipp stinn. Dës Geschicht weist, wéi vill Passioun, Disziplin a Glawen hannert engem eenzegen Optrëtt am Ausland stécht.
De Retour-Match ass um Dënschdeg den Owend de 15. Juli um Déifferdenger Terrain um 20 Auer.