Paul Philipp am InterviewWéi laang gëtt nach Futtball gespillt?

Tom Hoffmann
Ob e Samschdeg den Owend den 10. Spilldag ugepaff gëtt, steet an de Stären. Dat hänkt vun der Entwécklung vun der aktueller Situatioun of.
FLF-President Paul Philipp am Interview
Ob e Samschdeg den Owend den 10. Spilldag ugepaff gëtt, steet an de Stären. Dat hänkt vun der Entwécklung vun der aktueller Situatioun of.

Nodeems Regierung leschte Freiden déi néi Restriktiounen annoncéiert hat, wou awer och gesot gouf, dass am Sport an den ieweschten Divisioune weiderhin dierft gespillt ginn, huet de Gros vun de Federatiounen awer decidéiert, hir komplette Spilldag ofzesoen. De Méindeg de Mëtteg koum dunn och Nouvelle, dass de Jugendtraining vun der Futtballschoul fir dës Woch ofgesot gouf.

De Paul Philipp iwwer de Futtball - Rep. Frank Hippert

Et ass eng logesch Konsequenz vun deem, wat den Ament passéiert. D’Zuel vun den Neiinfektioune geet an d’Luucht an dowéinst muss och am Sport reagéiert ginn. No enger Videokonferenz vun der FLF zesumme mam Sportlycée gouf decidéiert, fir de Jugendtraining dës Woch op d’mannst emol ze stoppen.
Fir elo mol sécher ze sinn a fir och d’Elteren net ze beonrouegen. De Problem ass jo net den Training, mee wéi kommen ech dohin. Et ass och e Problem, wann een zu 7 oder 8 an enger Navette sëtzt an och an de Vestiairen. Dofir wollte mir, fir elo mol eng Woch roueg ze sinn, lues maachen.”, sot den FLF-President Paul Philipp.

Och déi héchsten Divisioun huet dëse Weekend gelidden. Am éischte Communiqué vun der FLF um Freideg gouf annoncéiert, dass d’Matcher vum 9. Spilldag de Weekend géife gespillt ginn. Well dunn awer d’Nouvelle koum, dass am ganze 4 Matcher wéinst positive Fäll, respektiv Quarantän, net konnte gespillt ginn, huet d’Futtballfederatioun dunn d’Decisioun geholl, awer de komplette Spilldag ze verleeën. An dësen Zäite muss een dem FLF-President no flexibel sinn.
Mir mussen eis der Situatioun upassen. Mir mussen och an der Wanterpaus an der Federatioun zesummesetzen, fir déi verschidden Zenarien duerchzespillen. Mir fänken net erëm eng Kéier un, 6 Méint ze diskutéieren. Lescht Joer huet eis de Virus iwwerrascht, mee elo musse mir driwwer schwätzen, wat geschitt, wa mir nëmmen eventuell d’Hallschent vun de Matcher gespillt kréien, dass jidderee weess, wann et no de Feierdeeg nees lass geet, wou een drun ass.

Ob e Samschdeg den Owend den 10. Spilldag ugepaff gëtt, steet an de Stären. Dat hänkt vun der Entwécklung vun der aktueller Situatioun of.

Back to Top
CIM LOGO