
Well keng Playoffs gespillt ginn, wäert et dës Saison am däitschen Äishockey och kee Meeschter ginn. Dat huet d’DEL en Dënschdeg matgedeelt. Dës Decisioun hätt ee wéinst dem Coronavirus geholl, fir datt d’Infektiounen net weider géife klammen.

Déi bayresch Staatsregierung huet bis den 19. Abrëll inclus Veranstaltunge mat iwwer 1.000 Leit verbueden. Dovu betraff sinn och Sportveranstaltungen.Dat huet de Ministerpresident Markus Söder matgedeelt. Dovu betraff sinn also ënner anerem och all d’Heemmatcher vum FC Bayern München, den Champions League Retourmatch géint Chelsea, de Futtball-Lännermatch vun der däitscher Nationalekipp géint Italien, deen zu Nürnberg sollt gespillt ginn, d’Pre-Playoff-Matcher an der Däitscher Äishockey-Liga, grad ewéi d’Matcher an der Basketball Bundesliga oder an der Handball-Bundeliga.
De Söder sot, et géif kee Grond gi Panik ze verbreeden, ma et misst ee sech awer eeschthaft Suerge maachen. D’Sécherheet géif un héchster Stell stoen.
Scho virdru war bekannt, dass d’Futtball-Bundesliga-Matcher tëscht Gladbach a Köln, grad ewéi Dortmund-Schalke virun eidelen Tribüne gespillt ginn. Och den Champions-League-Match tëscht dem PSG an dem BNB zu Paräis gëtt an engem eidele Stadion gespillt.

Union Berlin hat zwar annoncéiert, datt bei hirem Heemmatch géint den FC Bayern München Zuschauer zougelooss ginn. Ma e Mëttwoch de Moien koum dann awer d’Meldung, dass och dee Match an engem eidele Stadion muss gespillt ginn.
Weider war et d’Nouvelle e Mëttwoch, dass och de Match tëscht der Frankfurter Eintracht a Borussia Mönchengladbach als Geeschterspill wäert iwwert d’Bün goen. De komplette 26. Spilldag wäert ouni Fans gespillt ginn.