
Tampa Bay Buccaneers - Carolina Panthers 3:21
An der Woch koum d’Nouvelle, datt de Star-Running-Back Christian McCaffrey vun de Panthers bei d'49ers getrade gouf. Deemno haten d’Panthers, déi sou wéi sou scho keng gutt Saison bis elo haten (1 Victoire bei 5 Néierlagen), hire beschte Spiller verluer. Dofir war et ëmsou méi iwwerraschend, datt d’Ekipp vu Carolina sech e Sonndeg mat 21:3 géint d’Buccaneers ronderëm de Superstar Tom Brady duerchsetze konnt. D’Bucs kruten offensiv net vill op d’Rei an hu keen eenzegen Touchdown gescored, iwwerdeems d’Panthers mat hirem drëtte Quarterback P.J. Walker an den zwee Running Backs Chuba Hubbard an D’Onta Foreman offensiv mat engem ofwiesslungsräiche Spill iwwerzeegt an um Enn verdéngt gewonnen.
Green Bay Packers - Washington Commanders 21:23
Nieft de Buccaneers rutschen och d’Packers ëmmer méi an d’Kris, e Sonndeg den Owend gouf et nämlech géint d’Washington Commanders schonns déi drëtt Néierlag hannerteneen. D’Offensiv vun der Ekipp vu Green Bay ronderëm de Superstar Aaron Rodgers ass weiderhin ze harmlos. Hoffnung gëtt et iwwerdeems awer nees fir d’Commanders. No der Blessur vum Quarterback Carson Wentz ass elo nees säin Back-up, den Taylor Heinicke, an der Verantwortung. Den Heinicke huet no liichte Startschwieregkeeten nees e gutt Stéck Dynamik an d’Washington-Offensiv zeréckbruecht an de Match fir d’Commanders gewonnen.
Kansas City Chiefs - San Francisco 49ers 44:23
No der Néierlag déi leschte Woch doheem géint d’Buffalo Bills hunn d’Kansas City Chiefs an der Nuecht op e Sonndeg mat 44:23 géint d’San Francisco 49ers gewonnen. Offensiv wousste virop de Quarterback Patrick Mahomes (423 Passing Yards, 3 Touchdowns, 1 Interception) an d’Wide Receiveren Juju Smith-Schuster (124 Receiving Yards an 1 Touchdown) a Mecole Hardman (32 Receiving Yards an 1 Touchdown, 28 Rushing Yards an 2 Touchdowns) ze iwwerzeegen.
Atlanta Falcons - Cincinnati Bengals 17:35
Detroit Lions - Dallas Cowboys 6:24
Indianapolis Colts - Tennessee Titans 10:19
Green Bay Packers - Washington Commanders 21:23
Tampa Bay Buccaneers - Carolina Panthers 3:21
New York Giants - Jacksonville Jaguars 23:17
Cleveland Browns - Baltimore Ravens 20:23
New York Jets - Denver Broncos 16:9
Houston Texans - Las Vegas Raiders 20:38
Seattle Seahawks - Los Angeles Chargers 37:23
Kansas City Chiefs - San Francisco 49ers 44:23
Pittsburgh Steelers - Miami Dolphins 10:16
New Orleans Saints - Arizona Cardinals 34:42
An der Nuecht op en Dënschdeg ass nach de Match tëscht den Chicago Bears an den New England Patriots.