
Bei den Hären huet sech e Sonndeg de Mëtteg am däitsche Willingen den Halvor Egner Granerud mat 273.00 Punkten d’Victoire geséchert. Um Enn stoung hie virum Japaner Ryoyu Kobayashi (252.30) a sengem Landsmann Daniel-Andre Tande (249.20).
Bei den Damme gouf et iwwerdeems e komplett japanesche Podium zu Willingen. D’Yuki Ito huet sech hei mat 233.30 Punkten virum Noromi Maruyama (229.00) an dem Sara Takanashi (222.60) behaapt.