Wann dat neit Covid-Gesetz dës Woch gestemmt gëtt, sinn alleguerten d’Sportkompetitioune bei eis am Land bis de 15. Dezember verbueden. D’Sportshalen an d’Schwämme bleiwen och fir Trainingen zou. Just déi sougenannten Elite-Sportler däerfen nach weider trainéieren. Et si Mesuren, déi an den nächsten Deeg nach vill dierften diskutéiert ginn.
Am Virfeld vun der Annonce e Méindeg hat sech och de COSL an engem Communiqué wéineg begeeschtert gewise vum Projet de loi. Beim Daachverband vum privat organiséiertem Sport, war een net iwwerrascht, dass um Gesetzestext näischt méi geännert huet. De President vum COSL, André Hoffmann:
“Ech muss soen, wéi mir de Communiqué gemaach hunn, war den Text jo schonns esou wäit “gediegen”, mat allen Avise ronderëm an e war jo public. Et konnt all Mënsch dat liesen als normale Projet de loi, esou dass mir net nach déi grouss Hoffnung haten an der leschter Sekonn eppes ëmzebéien. Et war fir no baussen eppes ze soen, wat mir schonns laang intern schwätzen. Do war déi Haaptkritik schonns am éischte Confinement, dass et on-nuancéiert, einfach kee Sport a fäerdeg. Mir mengen dat war net déi richteg Method. Dat hätt ee vill méi nuancéiert kéinten upaken.”
Dat ass elo an den A vum COSL awer net gemaach ginn. Bannen däerf bis, op d’Ausnam vun den Elite-Sportler, net trainéiert ginn. Dobaussen ass dat awer nach ëmmer a Gruppe vu 4 méiglech, seet de Sportminister Dan Kersch.
“Dat hu mir gemaach, well notamment vill Futtballveräiner grouss Konzepter ausgeschafft hunn. Dofir wollte mir dee Chiffer net nach eng Kéier änneren. Op der anerer Säit soll een awer och wëssen, dass net alles, wat an der Theorie erlaabt ass och opportun ass. Dat hunn de Premier an d’Gesondheetsministesch och gesot. Ech hunn ëmmer gesot, de Sport ass net ausserhalb vun der Gesellschaft, en ass ee wichtege Bestanddeel vun eiser Gesellschaft an dofir soll en och gekuckt ginn wéi de ganze Recht vun der Gesellschaft. An dat probéiere mir mat dësem Gesetz och ze maachen.”
Bei vill Veräiner a Federatiounen dierften d’Mesuren, déi dës Woch gestëmmt ginn, wéineg Begeeschterung ausléisen.
Trotz deene villen negativen Nouvellë gëtt et awer eng positiv fir d’Veräiner. Wann dat néit Gesetz en Donneschdeg a Kraaft trëtt, kann de Sportbetrib nees vum Chômage partiel profitéieren.
„Mir si jo am Moment an enger Logik, wou alleguerten d’Aktivitéite vun den éischten Ekippen oder do wou Profien aktiv sinn, kéinte stattfannen inklusiv hir Trainingen. Wann d’Gesetz gestëmmt gëtt, ass dat eng ganz aner Situatioun an da fale si ënnert d’Kategorie vun all deene Betriber, déi vun der Regierung hir Aktivitéite verbuede kréien an dann ass et nëmmen normal, dass si dann och vum Chômage partiel kënne profitéieren“, esou den Dan Kersch weider.
De Romain Schockmel, President vun der Handball-Federatioun, mengt, dass iwwert Schnelltester am Sport muss diskutéiert ginn, falls d’Championnater nees relancéiert ginn.
„Mir sinn eben e Kontaktsport, dat ass eben esou, an dowéinst mussen mir och Preuvë bréngen, dass eise Sport keng Originn ass fir d’Verbreedung vun dësem Virus.“
Fir d’Futtball-Federatioun bedeit dat, dass dëst Joer op alle Fall emol kee Match méi ugepaff gëtt. Den 10. Januar soll et nees weidergoen, wat souwisou och virgesi war.
D’Schwamm-Federatioun muss elo emol fir 3 Wochen aus dem Waasser klammen. En Ënnerscheed zum éischte Lockdown gëtt et awer. Do war d’Wieder nämlech nach besser an et konnt een dobaussen trainéieren, wat elo am Wanter nëmme méi schwéier méiglech ass.
