
Op der Nordescher Schi-WM zu Oberstdorf an Däitschland stoung e Samschdeg am Schisprangen d’Decisioun vun der Normalschanz um Programm. Um Enn huet sech de Piotr Zyla (268,8 Punkten) den Titel geséchert. De Pol huet sech virum Däitsche Carl Geiger (265,2 Punkten) an dem Slowen Anze Lanisek (261,5 Punkten) duerchgesat.