
Beim Wéngertstrail zu Remerschen geet et haaptsächlech ëm de Spaass an d’Freed um Lafen. D’Ënnerscheeder leien an der Zilsetzung an an der Motivatioun, fir déi verschidde Kategorien: 18, 14 oder 9 Kilometer. En total ware 650 Leefer bei dëser Editioun un den Depart gaangen.
Iwwer 18 km hunn de Belsch François Reding, de Fransous Antoine Leroy an de Lëtzebuerger Sven Remakel déi éischt dräi Plaze beluecht. Bei den Damme war d’Reiefolleg Shefi Xhaveraj, Carole Kops a Stephanie Schmitz.
Ënnerwee hunn d’Leefer an d’Leeferinnen d’Hierschtlandschaft genéissen a beim Ravi och e Pättche Miseler Wäin schmaache kënnen.