BundesligaWerder Bremen gehäit Trainer Kohfeldt eraus, Thomas Schaaf iwwerhëlt

RTL Lëtzebuerg
Virum leschte Spilldag huet sech Werder Bremen vun hirem Trainer getrennt. Déi Gréng-Wäiss stinn ënner Drock, well een nach ofsteige kann.
© AFP

Mam Thomas Schaaf iwwerhëlt an ale Bekannten d’Ekipp, dat awer aktuell just am Interim bis um Enn vun der Saison, also bis nächste Match. Hie war 14 Joer laang Trainer zu Bremen an huet 2004 d’Coupe an d’Bundesliga mat hinne gewonnen.

Nom 0:2 géint Augsburg haten d’Cheffen zu Bremen net méi d’Gefill, datt ee mam Florian Kohfeldt kéint an der Bundesliga bleiwen. Dofir huet ee reagéiert. Et ass een nach ëmmer der Iwwerzeegung, datt de Kohfeldt en excellenten Trainer ass, ma et wollt ee virum leschte Match eng Verännerung erabréngen.

Esou sëtzt den Thomas Schaf e Samschdeg géint Mönchengladbach op der Bänk. Mat enger Victoire hätt sech Bremen op d’mannst virum direkten Ofstig gerett. Bei enger Néierlag oder engem Gläichspill muss ee fäerten, op Plaz 17 ofzerutschen, well Köln mat enger Victoire géint de leschte Schalke laanscht wier a Bielefeld, sollte si e Punkt huelen, och virun hinne géif bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO