Lëtzebuerger Championnat am Schi AlpinWiederkonditioune maachen d'Organisatioun net méi einfach

RTL Lëtzebuerg
No zwee Joer Paus wéinst der Corona Pandemie gëtt dëst Joer nees ee Lëtzebuerger Championnat am Schi Alpin an och am Laanglaf organiséiert.
© RTL-Archiv

Schnéimangel op de Schipisten - Reportage Rich Simon

Dat ass, wéi schonns déi Jore virdrun, zu Adelboden an der Schwäiz. Eng 130 Athleten hu sech an de verschiddenen Disciplinnen ageschriwwen. Ënner wéi enge Konditioune si kënne fueren, ass awer net gewosst. De Schnéimanktem, deen et praktesch iwwerall an Europa dëse Wanter gëtt, mécht d’Organisatioun fir d’Schi-Federatioun net ganz einfach.

Eric Osch, Responsabel bei der FLS, fir den Alpin Beräich: “Déi ass natierlech komplizéiert duerch déi Ongewëssheet, wou mir net richteg woussten, wäert genuch Schnéi do si fir eng Pist? Mir hunn elo am Alpin eng Solutioun, fir de Laanglaf och. Wann déi net op der Héischt vun Adelboden selwer kënne fueren, da kënne si 800 Héichtemeter erop goen. Sou datt et eigentlech misst goen. Aktuell schneit et. Fir de Weekend sinn awer leider nees Schnéi - a Reeschaueren ugesot. Et gëtt esou oder esou komplizéiert fir eis.”

De Schnéi dierft deemno nees relativ séier fort sinn.

D’Experte si sech eens, datt dat mat der Äerderwiermung zesummenhänkt, an datt et an Zukunft net wäert besser ginn. Fir den Eric Osch vun der Lëtzebuerger Schi-Federatioun gëtt eng Etüd vun der Eidgenössische Technische Hochschule Zürich engem staark ze bedenken.

Eric Osch: “Zanter dem Ufank vun der Industrialiséierung, wier d’Schnéifallgrenz ëm 400 Héichtemeter an d’Luucht gaangen. An elo ab haut, wa mir géifen dat 1,5 Grad Zil géifen anhalen, géint d’Schnéifallgrenz nach eng Kéier em 400 Meter an d’Luucht goen. Da gëtt de Schisport laangfristeg ëmmer manner méiglech.”

Den aktuell beschte Lëtzebuerger Schifuerer, de Matthieu Osch, ass sech och bewosst, datt de Schisport eng net all ze roseg Zukunft viru sech huet. Ouni Konschtschnéi geet näischt méi.

Matthieu Osch: "Ech mengen net, datt eise Sport nach 100 Joer weider geet. Dat muss ee wierklech soen. Momentan ass et schro mat der Ëmwelt an et kann een net méi ouni Konschtschnéi. Wat déi meescht Leit net wëssen. Wann een iergendwou an Éisträich, op Sölden oder Ischgl Schifuere geet, ouni Schnéikanoun wier dat an der Fuesvakanz net méiglech.”

Dëse Weekend ass et awer emol um Championnat zu Adelboden an der Schwäiz an och hei dierfte Schnéikanounen nees zum Asaz kommen.

Back to Top
CIM LOGO