Sportler vum JoerWien ass alles selektionéiert fir d'Awards Night?

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Sportspress d'Selektioun fir d'Wiel vum Lëtzebuerger Sportler, Sportlerin, Ekipp an Trainer vum Joer 2022 publizéiert.

D’"Awards Night” ass dëst Joer den 1. Dezember. Den Event ass nees ënnert der gewinnter Form mat engem Galadinner am Casino 2000 zu Munneref.

De Prix d’Honneur sportspress geet un d’Colette Flesch an d’Ginette Rossini. De Prix Fair Play ass fir de Pol Bissener. Mam Prix du Jeune Espoir ginn de Vivien Henz, d’Gwyneth ten Raa an d’U17-Futtball-Nationalekipp ausgezeechent. An de Prix Sport et Handicap geet un d’Gemeng Esch.

Den Iwwerbléck vun den Nominéierten

Sportler vum Joer (13)
Bertemes Bob - Liichtathletik
Bettendorf Victor - Sprangreiden
Geniets Kevin - Vëlossport
Grethen Charles - Liichtathletik
Henckels Jeff - Bouschéissen
Jungels Bob - Vëlossport
Moris Antony - Futtball
Pereira Dylan - Automobilsport
Osch Mathieu - Schi Alpin
Peters Kevin - Autocross
Rychlicki Kamil - Volleyball
Sinani Danel - Futtball
Wagner Nicolas - Dressurreiden

Sportlerin vum Joer (9)
Daniëls Eva - Triathlon
De Nutte Sarah / Ni Xia Lian - Dëschtennis
Lehair Jeanne - Triathlon
Majerus Christine - Vëlossport
Rausch Victoria - Liichtathletik
Schreiber Marie - Cyclocross
Simon Anne - Basketball
Van der Weken Patrizia - Liichtathletik
Warling Jenny - Karate

Ekipp vum Joer (4)
Futtball - Nationalekipp Hären
Futtball - Nationalekipp Dammen
Handball - HB Esch Hären
Dëschtennis - Nationalekipp Dammen

Beschten Trainer vum Joer (6)
Danielsson Tommy - Dëschtennis
Lorang Dan - Vëlossport / Triathlon
Holtz Luc - Futtball
Santos Dan - Futtball
Schmit Camille - Liichtathletik
Starck Arnaud - Liichtathletik

Back to Top
CIM LOGO