Time to say goodbyeWimbledon soll leschte groussen Optrëtt vum Mandy Minella ginn

RTL Lëtzebuerg
Et war jo gewosst, datt d'Mandy Minella e Schlussstréch ënner hir Profikarriäre am Tennis zitt...
© RTL Archiv

E Samschdeg huet d’Lëtzebuergerin via déi sozial Reseauen annoncéiert, datt Wimbledon dëst Joer hire leschte groussen Optrëtt wäert sinn.

“Dear Tennis, it’s time to say goodbye” schreift d’Mandy Minella iwwert eng Kandheetsfoto, wou si als Meedchen mat der Tennisrackett do steet.

Dem Lëtzebuerger Public hat d’Mandy Minella schonn op der Kockelscheier beim leschten Dammentennis-Tournoi op emotional Aart a Weis Äddi gesot.

Back to Top
CIM LOGO