
Fir den Optakt vum 17. Spilldag hat Monnerech um Samschdeg Wolz op Besuch. An do war d’Heemekipp mat 0:3 ënnerleeën.
No der Victoire um leschte Spilldag géint Ettelbréck, konnt d’Ekipp aus dem Süden awer net un déi Leeschtung uknäppen. An der éischter hallwer Stonn gouf et op béide Säite quasi keng Offensivaktiounen. Dono sinn d’Gäscht besser an de Match komm an hunn duerch Jasarevic a Philipps hir 2 Chancen a Goler ëmgemënzt. Wolz huet d’Partie no der Paus geréiert a konnt duerch de Giargiana kuerz virun der Stonn erhéijen. Monnerech huet sech an der Suite net genuch gewiert an ass am Spill no vir ongeféierlech bliwwen. Um Enn huet Wolz e wichtege Succès gefeiert a ka Monnerech an der Tabell iwwerhuelen.