
D’Probleemer beim spuenesche Futtballchampion FC Barcelona ginn ëmmer méi zu enger Kris - an den Trainer Xavi wäert de Veräin um Enn vun der Saison verloossen. Virun dräi Deeg war Barcelona an der Coupe eliminéiert ginn an e Samschdeg hunn d’Katalane mat 3:5 géint Villarreal verluer. Et war dat déi drëtt Néierlag an de leschte fënnef offizielle Matcher. Op der Pressekonferenz nom Match huet de Xavi säi Récktrëtt um Enn vun der Saison ugekënnegt.
“Den 30. Juni wäert ech de Veräin verloossen, dat ass eng Decisioun, déi ech mam President, mam Staff getraff hunn”, sou de fréiere Mëttelfeldstar, deen de Veräin am Hierscht 2021 als Trainer iwwerholl hat an nach e Kontrakt bis 2025 huet.