Championnat am Cross CountryYonas Kinde a Jenny Gloden séchere sech déi éischte Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war zu Bieles den nationale Championnat am Cross Country.

Bei den Damme gouf et no 5,5 Kilometer eng Victoire vum Jenny Gloden. D’Fola-Athletin war 6 Sekonne méi séier wéi d’Anny Wolter op der zweeter Plaz. De Podium gouf komplettéiert vum Saskia Daguenet, si hat e Retard vu 25 Sekonnen.

De Yonas Kinde konnt sech iwwerdeems bei den Hären déi éischte Plaz sécheren. Um Enn hat hien eng Avance vun 18 Sekonnen op de Bob Bertemes. Mat 23 Sekonne Réckstand koum de Bob Haller op déi drëtte Plaz.

Déi genau Resultater fannt Dir hei.

Yonas Kinde a Jenny Gloden séchere sech déi éischte Plaz
E Sonndeg war zu Bieles den nationale Championnat am Cross Country.

Back to Top
CIM LOGO